Image Text 225 Joer Nationalbibliothéik Letzebuerg

Discovery Days

30.09. & 01.10.2023

225 Joer Nationalbibliothéik Lëtzebuerg

Dësen Hierscht feiere mir zesummen den 225. Gebuertsdag vun der Nationalbibliothéik (BnL). Kommt laanscht bei den Discovery Days an erfuerscht d’Schätz vum kulturelle Patrimoine an déi international Sammlunge vun der gréisster Bibliothéik vum Land. Entdeckt och eis grouss Varietéit u Servicer a léiert eng Institutioun kennen, déi den intellektuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg zanter méi wéi zwee Joerhonnerte konservéiert an deelt.

ÄR LOSCHT OP WËSSEN ASS ONS PFLICHT A FREED AN ENGEMS.

Claude D. Conter

Discovery Days

Mir freeën eis, Iech op eis Entdeckungsdeeg ze invitéieren. Mir proposéieren ee Programm mat engem Tour duerch eis Bichermagasénge souwéi engem Discovery Tour duerch de Liessall. Profitéiert dovunner, eis Mataarbechter kennenzeléieren a loosst Iech op inspiréierend Gespréicher mat hinnen an iwwer Theeme wéi Literatur, Konscht, Musek, Kultur a Wëssenschaft.

Fir d’Amateure vum Aussergewéinlechen hu mir e speziellen Highlight virbereet: Sidd bei eise spannende Presentatioune vun de Spezialsammlunge vun der BnL derbäi an entdeckt déi seelen a wäertvoll Dokumenter, déi d’Geschicht vum Land gepräägt hunn.

Dernieft bidde mir och Kuerzfilmvirféierungen an Atelieren un: Léiert wéi een Eisegallus-Tënt hierstellt, Bicher bënnt oder Mangaen illustréiert. Workshops zum Lëtzebuerger Webarchiv, zu eiser Sichmaschinn a-z.lu, eiser Auswiel un digitale Bicher ebooks.lu an eiser VOD-Offer ronnen eisen Eventprogramm of.

Kommt laanscht an entdeckt d’Diversitéit vun der BnL!

Rendez-vous

Sa 30.09.2023 vun 10:00 bis 20:00 Auer

So 01.10.2023 vun 11:00 bis 18:00 Auer

D’Entrée an d’Aktivitéite si gratis. Fir un de Presentatiounen an Atelieren deelhuelen ze kënnen, muss een sech am Viraus umellen.

Programm

Op Entdeckung

Discovery Tour

Eis Discovery Tour ass déi perfekt Geleeënheet fir d’Nationalbibliothéik an Ärem eegenen Tempo an no Äre Virléifte kennen ze léieren. Entdeckt de Liessall an eis Magasénger unhand vun 9 thematesche Statiounen, déi mir fir Iech preparéiert hunn. Trefft eis Experte a gitt méi iwwer eis villsäiteg Missiounen a faszinéierend Sammlunge gewuer.

BnL Backstage

Geheit e Bléck hannert d’Kulisse bei eisen exklusive Féierungen duerch eis Magasénger. D’Seancë si méisproocheg an informéieren Iech iwwert eis Infrastruktur an doriwwer, wéi mir den intellektuelle Patrimoine vum Land conservéieren.

Plaz | 2. Stack

Start vun de jeeweilegen Touren

Dauer: ca. 40 Min.

 

Samschdeg

10:30 Auer

11:30 Auer

12:30 Auer

14:30 Auer

15:30 Auer

16:30 Auer

Sonndeg

11:30 Auer

12:30 Auer

14:30 Auer

15:30 Auer

16:30 Auer

Visitt vun der Ausstellung "Vu Gäert a Bicher" mam Direkter vun der BnL (Ausgebucht)

Vun der Düngerreklamm iwwer Lidder, Zäitschrëften, Dréck, Bicher a Postkaarten bis hinn zu imposante botaneschen Illustratiounen, et ass héich Zäit d’Lëtzebuerger Parken a Gäert nei ze entdecke mat enger Visite guidée duerch d’Ausstellung Vu Gäert a Bicher mam Claude D. Conter, Direkter vun der BnL.

Plaz | Ausstellungsraum 2. Stack

Samschdeg

12:00 – 13:00 Auer

Sonndeg

12:00 – 13:00 Auer

 

Speakers’ Corner

Wat Dir eis schonn ëmmer froe wollt

Hutt Dir Froen iwwert d’BnL, hir Servicer oder hiert Fonctionnement? Wëllt Dir Är eegen Iddien an Andréck mat der Direktioun vun der Nationalbibliothéik deelen? Da profitéiert vun der Geleeënheet, un eisen zwou Spriechstonnen deelzehuelen!

D’Sëtzung um Samschdeg beschäftegt sech haaptsächlech mam Unhuelen an dem Verschaffe vun Donen aus privaten Sammlungen. De Claude D. Conter, Direkter an de Carlo Blum, Sous-Direkter erklären Iech, wéi Äre Bäitrag der BnL hëllefe kann, de schrëftleche Patrimoine vu Lëtzebuerg ze erhalen.

Sonndes kënnt Dir selwer déi Themen auswielen, déi Iech am meeschten interesséieren, an iwwert déi Dir wëllt mat der BnL-Direktioun schwätzen.

Plaz | Foyer

Samschdeg

11:00 – 12:00 Auer

Sonndeg

14:00 – 15:00 Auer

Workshops

a-z.lu-Workshop (Nach Plaze fräi)

An dësem Workshop gitt Dir gewuer, wéi Dir mat just e puer Mausklicken eng effektiv Sich ausféiere kënnt. Huelt zesumme mat eisem engagéierten Team u prakteschen Übungen deel, fir Är Sichfäegkeeten ze verfeineren, egal ob et sech dobäi ëm gedréckten oder Online-Dokumenter handelt. Mir sinn do, fir Iech ze hëllefen an all Är Froen ze beäntweren.

Dëse Workshop eegent sech fir all Experienzniveauen. Eis Mataarbechter ënnerstëtzen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Fir datt Dir am beschte vun dësem Workshop profitéiere kënnt, rode mir Iech, Iech am Virfeld an der Nationalbibliothéik oder enger anerer Bibliothéik aus dem bibnet.lu-Reseau ageschriwwen ze hunn an e gëltegen a-z.lu Lieserkont ze besëtzen.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

10:30 – 12:00 Auer

Sonndeg

14:30 – 16:00 Auer

 

ebooks.lu-Workshop (Nach Plaze fräi)

Hei fannt Dir eraus, wéi Dir genau déi E-Books fanne kënnt, déi Dir sicht, andeems Dir dëse gratis Service benotzt, dee vun der BnL, dem Bicherbus an 11 ëffentleche Bibliothéike ugebuede gëtt. Eist motivéiert Team wäert Iech duerch de ganze Prozess guidéieren, fir datt Dir voll a ganz vun dëser digitaler Offer profitéiere kënnt.

Dëse Workshop eegent sech fir all Experienzniveauen. Eis Mataarbechter ënnerstëtzen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Fir datt Dir am beschte vun dësem Workshop profitéiere kënnt, rode mir Iech, Iech am Virfeld an der Nationalbibliothéik oder enger anerer ebooks.lu-Partnerbibliothéik ageschriwwen ze hunn an e gëltegen a-z.lu Lieserkont ze besëtzen.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

14:00 – 15:30 Auer

Sonndeg

16:00 – 17:30 Auer

 

eluxemburgensia.lu-Workshop (Nach Plaze fräi)

Daucht an an déi ëmfangräich Sammlung vu patrimonialen Dokumenter, déi vun der BnL digitaliséiert goufen. Eis Fachleit erklären Iech déi verschidde Funktioune vum eluxemburgensia.lu-Portal a weisen Iech, wéi Dir effikass no Dokumenter siche kënnt. An dësem Workshop entdeckt Dir Zäitschrëften, Zeitungen an aner Ressourcen, déi déi sozial, kulturell a politesch Geschicht vum Land gepräägt hunn.

Dëse Workshop eegent sech fir all Experienzniveauen. Eis Mataarbechter ënnerstëtzen Iech op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

12:30 – 14:00 Auer

Sonndeg

13:00 – 14:30 Auer

 

Workshop iwwert d’Hierstellung vun Tënt (Ausgebucht)

Eisegallustënt war ouni Zweifel déi meescht benotzten Tënt vun der Antiquitéit bis an dat 20. Joerhonnert. Se gëtt aus natierleche Gallen an enger Eiseverbindung hiergestallt. Wann se frësch preparéiert ass, erschéngt dës Tënt hellgro, mee si kritt hir typesch blo-schwaarz Faarf, soubal se der Loft ausgesat gëtt. Kommt also laanscht bei eisem Workshop, fir Är eegen Eisegallustënt an aner historesch Tënten aus planzleche Komponenten hierzestellen.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

13:30 – 15:30 Auer

Sonndeg

15:00 – 17:00 Auer

 

Manga-Workshop mam Sabrina Kaufmann (Ausgebucht)

Léiert d’Grondlage vum Manga-Zeechne kennen an daucht mat der lëtzebuergescher Kënschtlerin Sabrina Kaufmann an d’Welt vun de japanesche Comics an. Dëse Workshop riicht sech un Ufänger vun 12 Joer un. Ergräift also d’Geleeënheet, fir Äert kënschtlerescht Talent ze entfalen an Ärer Manga-Kreativitéit fräie Laf ze loossen!

Plaz | Liessall Rez-de-chaussée

Samschdeg

15:00 – 18:00 Auer

 

Buchbënner-Workshop (Ouni Umeldung)

Hutt Dir Loscht Äert eegent Notizbuch hierzestellen? Dann entdeckt d’Technike vum traditionelle Buchbënnerhandwierk mat eiser Spezialistin, déi hire ganzen Know-How mat Iech deele wäert.

Plaz | Liessall 3. Stack

Samschdeg

vun 11.00 – 13:00 Auer

vun 14:00 – 17:00 Auer

Sonndeg

vun 13:00 – 17:00 Auer

Presentatiounen

Spezialsammlunge vun der BnL

Huelt un eisen eenzegaartege Presentatiounen deel, wou mir Iech déi schéinste Stécker aus eise Spezialsammlunge weisen. Al Manuskripter, Inkunabelen, Plakater, Museksarchiven, Kënschtlerbicher an aussergewéinlech Gravuren wäerten hei am Mëttelpunkt stoen. Verpasst also net déi eemoleg Geleeënheet, dës remarkabel Wierker, déi normalerweis nëmmen a gesécherten Magasénger konservéiert ginn, vu ganz no ze bewonneren.

Plaz | Rara-Liessall 1. Stack

Samschdeg Presentatioun
10:30 – 11:30 Auer Ephemera, Affichen, Postkaarten
12:00 – 13:00 Auer Handschrëften, rar Bicher, Kaarten, Pläng, Vuen
13:30 – 14:30 Auer Drockgrafiken
15:00 – 16:00 Auer Bicher a Periodiquen
16:30 – 17:30 Auer Komponistenarchiven (Cedom)

 

Sonndeg Presentatioun
11:00 – 12:00 Auer Drockgrafiken
12:30 – 13:30 Auer Handschrëften, rar Bicher, Kaarten, Pläng, Vuen
14:00 – 15:00 Auer Ephemera, Affichen, Postkaarten
15:30 – 16:30 Auer Komponistenarchiven (Cedom)
17:00 – 18:00 Auer Bicher a Periodiquen

MéNuLu-Presentatioun – Médiathèque numérique du Luxembourg (Nach Plaze fräi)

Huelt deel un der Presentatioun vun der Médiathèque numérique du Luxembourg – MéNuLu. Dëse gemeinsame Projet vun der Cité Bibliothèque, dem Centre national de l’audiovisuel an der BnL erméiglecht Iech een Online-Zougang zu enger grousser Sammlung vun Dokumentarfilmer, Serien, Long-Métragen a Kannerfilmer. Egal ob Dir Iech besonnesch fir Long-Métragen oder Dokumentarfilmer begeeschtert, d’MéNuLu bitt Iech eng audiovisuell Offer, déi Dir net verpasse sollt.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

11:30 – 13:00 Auer

 

Sonndeg

14:30 – 16:00 Auer

MéNuLu-Filmvirféierung – Médiathèque numérique du Luxembourg

Nieft de Virstellunge vun eiser MéNuLu VOD-Offer, kënnt Dir Iech an eisem Amphitheater lokal an international Kuerzfilmer ukucken. D’Filmer goufe vum Marc Fritz, Responsabel vun der Mediathéik vun der BnL, suergfälteg ausgewielt.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

13:00 – 17:30 Auer 

Sonndeg

12:30 – 14:30 Auer

16:00 – 18:00 Auer

Presentatioun vu webarchive.lu (Nach Plaze fräi)

Dës Presentatioun gëtt Iech en Abléck an de Lëtzebuerger Webarchiv a stellt Iech d’Grondlage vun der Webarchivéierung vir. Fannt eraus, wéi Dir dozou bäidroe kënnt, datt d’Lëtzebuerger digital Geschicht net an de Vergiess geréit a fir zukünfteg Generatiounen erhale gëtt.

Plaz | Konferenzberäich 3. Stack

Samschdeg

16:00 – 17:30 Auer

Sonndeg

11:30 – 13:00 Auer

 

Lëtzebuergesch Musek an der BnL

Entdeckt zesumme mam Patrick Steffen aus dem Cedom (Centre d’études et de documentation musicales) vun der BnL den ëmfangräiche Fong u Lëtzebuerger Musek-CDen.

Plaz | Mediathéik 2. Stack

Samschdeg

11:00 – 11:30 Auer

13:30 – 14:00 Auer

Sonndeg

12:30 – 13:00 Auer

Kommt mir sangen zesummen! De Georgely - Lëtzebuerger Lidderbuch

De Georges Urwald vum Cedom (Centre d’études et de documentation musicales) vun der BnL invitéiert Iech, mat him zréck an d’Vergaangenheet ze reesen an all déi Melodien erëmzeentdecken, déi Är Kandheet gepräägt hunn. Am Lidderbuch De Georgely, dat bei dëser Geleeënheet virgestallt gëtt, fannt Dir all Är léifste Lëtzebuerger Lidder erëm.

Plaz | Museksraum 2. Stack

Samschdeg

14:30 – 15:30 Auer

16:30 – 17:30 Auer

DJ Session – Music & more

Samschdes vun 18:00 bis 20:00 Auer

DJ Ausgeléint, aka Patrick Steffen

Kommt laanscht an erlieft e musikaleschen Owend, bei deem eise Mataarbechter Patrick Steffen alias DJ Ausgeléint aus eisem Museksdepartement (Cedom) fir Iech opleet. Bei dëser Geleeënheet wäert hien eng Auswiel vun den CDen an LPe presentéieren, déi eise Fong ze bidden huet. Entdeckt déi villsäiteg Lëtzebuerger Musekszeen a seng eenzegaarteg Mëschung vu verschiddene Stiler, déi fir all Museksamateur dat Richtegt ze bidden huet. Mir freeën eis op Äre Besuch!

Eng Umeldung ass net néideg.

Feiert mat eis 225 Joer BnL

Discover Days 30.09 & 01.10.2023 at BnL - Slogan
Discover Your BnL Text Image

Als gréisste Bibliothéik vum Land bitt d’BnL eng breet Palette vun Dokumenter a Servicer un. Ob Dir op der Sich sidd no Dokumenter zu de Wëssenschaften, der Literatur oder der Konscht, ob Dir Kultur-, Museks- oder Filmamateur sidd – bei eis fannt Dir ëmmer genau dat, wat Dir sicht. All eis Servicer si gratis a ronderëm d’Auer digital fir Iech disponibel.

Entdeckt déi vilfälteg Méiglechkeete vun der BnL an erlieft d’Faszinatioun vum Wëssen!

Discover Art Category ImageImage

Hutt Dir scho vun der Lëtzebuerger Plakat- a Postkaartesammlung héieren? Vläicht sidd Dir och un eiser ikonographescher Sammlung interesséiert? Ausserdeem fannt Dir Graphic Novels a Mangaen am Liessall um Rez-de-Chaussée. Um 2. Stack kënnt Dir déi sëlleg Facette vun der Fotografie, der Architektur an der Konscht kenne léieren. Reegelméisseg organiséiere mir spannend Ausstellungen, déi Iech mat op artistesch Reesen huelen.

Discover Technology Category ImageImage

Ëmmer um neiste Stand: Zënter méi wéi 20 Joer setzt d’BnL op Digitaliséierung an Automatiséierung, fir souwuel den Zougang zu senge Sammlunge wéi och déi intern Workflowen a Prozesser ze verbesseren. Nieft enger grousser digitaler Offer bedeelegt sech d’BnL un enger Rëtsch vun innovative Projeten an de Beräicher Digitaliséierung vun de Patrimonialsammlungen, Webarchivéierung, Kënschtlech Intelligenz, Datenaustausch, Katalogiséierung a Langzäit-Archivéierung.

Discover Science Category ImageImage

D’BnL engagéiert sech dofir, datt Dir zu all Moment Zougang zu den neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser hutt. Egal ob Dir Student, Fuerscher oder ganz einfach vun der Wëssenschaft begeeschtert sidd: d’BnL bitt Iech eng Hellewull un Informatiounen, op déi Dir gréisstendeels och digital zougräife kënnt – z.B. eis Online-Fachzäitschrëften an Datebanken.

Discover Music Category ImageImage

Säit hiren Originne sammelt a konservéiert d’BnL de musikalesche Patrimoine vu Lëtzebuerg. De Museksdepartement Cedom ëmfaasst eng beteitend Sammlung vun Toundokumenter, déi sech aus CDen, DVDen, Placken, Kassetten a Tounbänner zesummesetzt. Dernieft iwwerhëlt en d’Funktioun vun engem zentrale Museksarchiv zu Lëtzebuerg, andeems Archiver a Fonge vu Komponisten a Museker gesammelt ginn.

Discover Literature Category ImageImage

Am Liessall fannt Dir méi wéi 57.000 Dokumenter iwwer Literatur a Sproochen. Souwuel am lëtzebuergesche wéi och am net-lëtzebuergesche Fong, stinn Iech eng ganz Rëtsch digital Ressourcen zur Verfügung.

Discover Film Category ImageImage

Entdeckt d’Mediathéik vun der BnL. Hei fannt Dir eng Villfalt vu Multimedia-Inhalter wéi Dokumentarfilmer a Long-Métragen, Lauschterbicher, Musek a Sproochecoursen. Kuckt och eis Video-Streaming-Offer duerch, fir genau déi Filmer ze fannen, déi Dir schonn ëmmer eemol gesi wollt.

Nach net ageschriwwen?

All Persoun iwwer 14 Joer ka sech gratis an der Nationalbibliothéik aschreiwen an déi grouss Auswiel u Servicer notzen. Fir un den Discovery Days deelzehuelen, braucht Dir keng Bibliothéikskaart.